D'Ufäng | 30er Joeren | 50er bis 70er Joeren | Seit 1980 | Dirigenten | Presidenten


Merci dem Alfred Goergen fir dësen Historique, a fir di Zäit a Méi déi hien an d'Musek gestach huet.

 

D'Ufäng

19. Jh
E Kammerorchester huet am Duerf bestaan, deen souwuel um Schlass wéi och op Uuchten am Duerf gespillt hun. Verschidden Instrumenter aus deër Zäit, sin nach bis haut erhaalen.

Grënnung

4.9.1904
Aus desem Orchester ass d'Musek entstaanen, ënner dem Numm "Harmonie Bourglinster".

Et woren 17 Grënnungsmêmberen. Am selwechten Mound sin 6 Musikanten nokomm. Den éischten Comité huet aus 7 Mann bestaan. (Photo: Urkund vun der Grënnungsversammlung)
D'Antrëttsgeld wor 10 Frang (haut 5'000 LUF).
Ufankskapital: 17 mol 10 gin 170 Frang (haut 85'000).
N.B.: En Arbechter huet déi Zäit 3 bis 4 Frang (haut ëm 2'000) den Daag verdéngt.

10.9.1904
Instrumenter goufen kaaft fir 1540 Frang (haut 770'000).
Acompte: 600 Frang (haut 300'000). D'Geld vun den Entréesbeiträg: 230 Frang (haut 115'000). (Photo: Vertrag vum Instrumentekaaf)
De Rescht gouf finanzéiert duerch eng Geldlottri. All Musikant huet missen pro Mount 1,5 Frang bezuelen (haut 750) bis de Rescht vun der Schold bezuelt war.

Eischt Aktivitéiten

25.9.1904
Éischten Concert
Besetzung: 1 Piccolo, 1 Flütt, 5 Clarinetten, 3 Bügelen, 3 Cornet, 3 Alto, 1 Baryton, 1 Trombone, 2 Tuba, 1 Helikon, 1 kleng an eng déck Tromm.

Total: 23 Musikanten. Dirigent: J.P.Pütz (vu Lëtzebuerg, och Liwwerant vun den Instrumenter). Prouwen waren Samschdes owends an der Meederchersschoul.

6.11.1904
Kiirmessonndeg
Zweeten Concert: et war Begleetmusek beim Pärderchersspill, an huet bei den Duerfleit an de Kiirmesgäscht Bewonnerung fond. 6 nei Mêmberen sin nees beigetrat.
14.1.1905
Éischt Generalversammlung
D'Musek wielt sein éischte Comité (7 Mann). Fir Nouten an aner Onkäschten, sin d'Beiträg vun den Éiremêmberen agefouert gin. Et gouf Theater gespillt am Schoulsall.
6.5.1906
D'Reschtschold vun den Instrumenter as bezuelt.

Weider Aktivitéiten

13.6.1906
D'Musek erweist deenen 3 neigewielten Deputéiert vum Ostbezirk, dem Joseph Bech (spéider Staatsminister), dem Jean-Baptiste Didier vu Roudemer, an dem Felix Pütz aus der Buerg, d'Éiren. Mat e puër Goldstécker hun di Häeren d'Musek sanéiert.
Mee 1907
D'Musek kritt hieren éischten Fändel. Ët as e Plakat-Fändel, dee bis haut nach gudd erhaalen as.
D'Musek bedeelegt sech un Prëssessiounen a Cortègen. Bei Museksfester get eng Erënnerungsmedail un de Fändel gehaang.
D'Bëschfest souwéi den Hämmelsmarsch gin agefouert: d'Musek huet hir Daseinsberechtegung.
6.2.1908
Déi éischt Statuten gin niddergeschriwen, déi dem Veräin séng Richtlinn gin.
1908
Iwwert dem Lokalveräin (eng landwirtschaftlech Maschinnegenossenschaft) an der Gonneréngergaass, get de Veräinssall fäerdeg. Et war de Prouwsall vun der Musek an domat hire feste Sëtz.
1914-1918
Éischte Weltkrich
Kéng Aktivitéiten.
1918
Empfang vun den "Anciens Combattants" duerch d'Musek.

 

Klickt op d'Photo fir ze vergréisseren.

1919
Kaaf vun enger Theaterbühn fir 134 F (67.000 LUF).
1920
Éischten Ausflug, op Verdun.
1923
KRISIS
D'Musek droht zesummenzebriechen. Zevill Mêmberen trieden aus a gin an deen neigegrënnten Pomjeesveräin; deen och eng Pomjeesmusek sollt gin (wat déi Zäit de Moud war). Daat as awer näischt gin an déi meescht sin erëmkomm.
23.6.1929
25 jähregt Stëftungsfest (Photo: Invitatioun an Cortège)

 


D'Ufäng | 30er Joeren | 50er bis 70er Joeren | Seit 1980 | Dirigenten | Presidenten

 

 

[ no uewen ]