About K-Night | Posteren an T-Shirten | Tombola um Virverkaf


Adresséiert äer Mailen zum Thema Karaoke Night w.e.g. un:
Email Adress

 

Di nächst K-Night fënnt nach am 21te Jorhonnert statt !
 

 

Wéi fonktionnéiert d'K-Night ?
 

Informatiounen zur Prozedur fir sangen ze goen, an zur Verdeelung vun de Präisser, fannt dir hei :
>> K-Night Gebrauchsuweisung <<

Vun 20:30 bis 3:00 kënne Lidder aus engem Katalog vun iwwer 5000 aktuellen an alen Titelen ausgewielt gin.

Niewt enger Top-Auswiel u Gedrénks (Mojito, Vodka-Kiischt, verschidden Zorte Béier, ...)
gin ët och Bréidecher an Chili Con Carne fir de klengen Honger tëschenduerch !
(Ännerunge si méiglech.)

Ausserdem gin di beschte Prestatioune mat ville schéine Präisser belount ...
Dozou gehéiere Corbeillen, T-Shirten, Zoossisen, Iessbongen ...

 

Wéi kommen ech op d'K-Night ?
 

Mam Auto vun der Stad aus (20 Minutten) :

- Huel um Contournement op der Héicht vum Kierchbierg d'Autobunn-Sortie "Ettelbruck / Echternach".
- Béi da riets of, Richtung "Echternach / Junglinster".
- Béi dann zu Gonneréng direkt no der Aral-Tankstell riets Richtung "Bourglinster" of.
- Fuer dono lénks erop iwwert d'Bréck, dono ëmmer riicht aus.
- Fuer an der Buerg selwer op der Duerfplaz Richtung "Imbringen", bis bei d'Schoul.
 

Mam Bus (Linn 100 Luxembourg - Diekirch) :

- Départ "Luxembourg, Gare" (20:05, 21:05, 22:05 an 23:05)

- Départ "Diekirch, Gare" (20:13, 21:13 an 22:13)
- Départ "Heffingen, Centre" (20:37, 21:37 an 22:37)
- Départ "Junglinster, Op der Gare" (20:52, 21:52 an 22:52)

D'Arrivée ass zu Buerglënster um Arrêt "Am Duerf".
Tëschestatiounen op www.mobiliteit.lu.

 

Wéi kommen ech dono rëm heem ?
 

Niichter ! Oder mat engem niichterne Chauffeur !

Profitéiert och vum Nightrider Service !
Dee bréngt iech zu sozialem Präiss sécher heem, egal wou dir am Land wunnt.
Wat méi Leit sech regruppéiere, wat méi bëlleg. Méi Informatiounen op :

www.nightrider.lu - oder op der Hotline : 8002 10 10

 

A wann ech awer nët heem wëll ?
 

Fir déi déi eng Schlofgelegenheet sichen,
Buerglënster huet eng ganz fäi Jugendherberg !

www.youthhostels.lu