D'Ufäng | 30er Joeren | 50er bis 70er Joeren | Seit 1980 | Dirigenten | Presidenten
|
30er Joeren
|
|
D'Musek as souzesoën den haaptkulturellen Veräin am Duerf. Traditionell Concert'en während all deene Joeren.
- De Kommiounsconcert am Abrëll/Mee
- De Summerconcert de 15. August
- Den Hierschtconcert op Kiirmesdaag
- De Cortège zum Nationalfeierdag (23. Januar)
- Pressessiounen:
- Kommuniounsdag
- Oktavméindeg
- Erläichendag
- Léiffrawëschdag
- D'Éischtmeefeier
- D'Bëschfest am Juli
- Den Hämmelsmarsch
- Am Wanter zwee mol Theater
|
1939
|
Onofhängegkeetsfeieren mat Cortègen a Concert'en am Duerf, an der Gemeng an zu Gréiwemaacher.
|
1940-1945
|
Zweete Weltkrich
D'Zivilverwaltung beschlagnahmt d'Instrumenter a koumen an der Gemeng zum Verwahr. D'Veräinskees huet missen beim Stillhaltekommissar zu Lëtzebuerg, auf nimmer Wiedersehn, déponéiert gin.
De Fändel gouf a Blum's (Jean Müller) verstoppt.
Daat Schlëmmst: 8 Jongen aus der Musek goufen zwangsrekrutéiert - 4 si gefall - d'Musek an déiwer Trauer - Haut gedenkt si hinnen all Joer um Nationalen Commemoratiounsdaag (vergréisserbar Photo).
|
1945
|
En Deel vun den Instrumenter war nach do. 17 Mann fänken erëm un.
|
1946
|
Déi éischt Sortie nom Krich:
d'Iechternacher Sprangprëssessioun.
|
1949
|
Et geet méi professionnell zou. Et get e Berufsdirigent engagéiert. D'Gemeng get e Subsid (3'500 F).
|
1950
|
D'Musek hält hier eegen Solfègecouren. 16 geschoult Musikanten gin ervir. Den Nowuess as geséchert.
|
1951
|
Mir trieden der UGDA bäi.
|
1953
|
Éischte Museksconcours zu Iechternach.
Divisioun Classement, classé 3A
|
25.7.1953
|
Den éischte Concert op der Place d'Armes.
|
6.9.1953
|
Internationale Museksconcours zu Enschede an Holland.
Héchst Ponktenzuel aus der 1., 2. an 3. Divisioun: 100/110 P.
- Éierepräiss: de Fändel vun der Stad Enschede an d'Coupe.
- D'Sëlwermedail vum Prënz Bernard fir déi bescht klasséiert auslännesch Musek.
- Prix Ascendent an d' 2. Divisoun.
(Photo: Empfang nom Concours)
|
1954
|
50. Anniversaire
D'Éditioun vun enger Broschüre.
D'Musek kritt nei Uniformen.
Quinzaine Musicale am Juli.
|
25.7.1954
|
Festivitéiten zum 50. Gebuertsdag
No der Mass: Aweiiung vum Fändel.
Mëttes: Cortège duerch d'Duerf mat 28 Veräiner, dovun 15 Museken a 5 Choralen. Grouss Ovatioun. (Photo)
Duerno: "Concert'en Non-Stop" op 2 verschiddenen Kiosken.
|
D'Ufäng | 30er Joeren | 50er bis 70er Joeren | Seit 1980 | Dirigenten | Presidenten
|